Pressemitteilung Google (LU) auf Luxembourgisch diesmal

Blog#011 - StreetView Update

StreetView Update Luxemburg

D'Autoe vum Google Street View besiche Lëtzebuerg fir eng Mise à jour Lëtzebuerg, den 29 Oktober 2018. Fir d'éischte Kéier zanter dass Google Street View am Oktober 2014 am Groussherzogtum Lëtzebuerg lancéiert gouf, zeechnen d'Street-View-Autoen erëm d'Kaarte vum Stroossennetz zu Lëtzebuerg mam Zil op, eng grëndlech Mise à jour vun de Biller ze maachen, déi et scho ginn, fir et de Benotzer nach méi einfach ze maachen, ze zirkuléieren an d'Benotzerfrëndlechkeet vun der App ze verbesseren. Vun haut u maachen d'Autoe vum Google Street View den Tour duerch de Grand-Duché. Si hunn 360°-Kameraen, fir all nei Biller vun der aktueller Landschaft ze späicheren, besonnesch d'Stroossen tëschent de Stied am Land. An deenen nächste Méint ginn d'Biller dann traitéiert an op Street View eropgelueden. Wéi fonctionnéiert dat? Fir dat bescht méiglecht Resultat z'erreechen, passen d'Chauffeure vun den Autoen extra op verschidden Detailer op, zum Beispill op d'Wieder an d'Verkéierssituatioun. Déi genee Positioun vun all Bild ass e wichtegen Deel vun der Aarbecht, deen duerch déi vill Sensoren um Auto, déi de GPS, d'Vitesse an d'Richtung erfaassen, sécher gestallt gëtt. Doduerch kann een déi genee Route, déi en Auto gewielt huet, rekonstruéieren a falls néideg d'Biller beaarbechten an openeen ofstëmmen. Fir verschidde Fotoen zu enger Panoramafoto vu 360° zesummen ze setzen, maachen e puer Kameraen, déi niewentenee stinn, Fotoen, déi sech liicht iwwerschneiden, an déi dono zu engem eenzelen 360°-Bild zesumme gesat ginn. D'Algorithmen, déi d'Biller verschaffen, sinn extra dofir entwéckelt ginn, a gläichen d'Ränner an Iwwergäng aus, fir dass de Benotzer e gläichméissegt Bild gesäit. Zousätzlech ginn et nach dräi Lasersenoren um Auto, déi d'Surface oftaaschten, fir 3D-Strukture besser kartographéieren ze kënnen, zum Beispill Autoen, Haiser a souguer Bréifkëschten. Fir méi iwwer dë Prozess vu Google Street View gewuer ze ginn, klickt hei. Duerch d'ganz Welt mat nëmmen engem Klick Google Street View gouf 2007 lancéiert an ass elo an 86 Länner disponibel: vun der Arktis bis an d'Antarktis, mat allen Awunner, wéi zum Beispill de Pinguinnen. Fir dee bescht méigleche Service ubidden ze kënnen, investéiert Google dauernd a verschidde Mise à jouren a Verbesserunge vun de Biller op Street View, a wäert dat och an Zukunft weider maachen.